Replik op Wussten Sie…vun der LSAP Dikrich 5. Okt.

Publié le

Wat wëll den Flyer soen ? Net nëmmen d’LSAP Majoritéit muss ëmmer JO an AMEN soen ... NEEN och d‘Oppositioun ass demnächst verflicht just nach mam Kapp ze wénken ? 
déi gréng soen net ouni Grond JO oder NEEN!!

1) Fontaine/Auvent am Park : Deen Projet ass Enn 2004 vun LSAP/DP lancéiert ginn OUNI dem Gemengerot virgeluecht ze ginn. Bei de Kontrakter, der Finanzéierung an de Subsiden war villes onkloer wat CSV/déi gréng duerno hu missen opschaffen.

2) Kino an Tuerm : Mir hunn géint den Bistro am Turm gestemmt well mer fonnt hunn dat di 2 Saachen an eng Hand gehéieren. Zu dem Moment ass den Kino nach ëmmer als Privatprojet duergestallt ginn. Duerno gouf dunn ouni ëffentlech Prozeduren de Kino vum Promoteur ofkaaft. A well d’Oppositioun keng korrekt Donnéeën hat an am Virfeld ni eng Äntwert op d‘Froen krut, hun si geschlossen de Sall verlooss.

3) Wann d’LSAP eng Resolutioun ënnert dem Titel Nordstad hellt, wou se de 5 aneren Gemengen vun der Nordstad widdersprécht … ass dat dann eng Nordstad Resolutioun ?

4) Den Devis fir d’Sonnesegel   war iwwerdeiert an den Decompte war duerfir och méi niddereg. Desweideren hu mir d’Reeschutzfunktioun vun de Segelen a Fro gestallt.

5) Bei den neien Tennis- a Fussballfelder hu mir kritiséiert dat dee Moment net gekläert war (an 3 Joër méi spéit nach ëmmer net!!) , wéi et mam Sportkomplex den elo dem Staat gehéiert weider geet an do awer all Vestiairen dra sinn. Och wollte mer wëssen wéi een Impakt den Asphalt, den Drainage an d’synthetesch Matièren op d’Drenkwasserquellen déi direkt do leien hunn.

6) De Virworf betreffend Sozialwunnegen ass perfid. Rue Müller Fromes ass keen Gemengeprojet a mir kruten wéi ëmmer keen Plang! De Projet ass awer gudd! Déi aaner Projeten waren iwwerdeiert Akeef wou zum Deel keng Expertise virlouch an wou d’Argument all Kéiers war: “ma wann de Staat 75% iwwerhëlt dann ass et ni ze deier”… A wien ass dann de Staat ?

Déi gréng stinn fir eng Politik mat differenzéierten Argumenter an net fir rout-wäiss Molerei.